Simone Pissinger
Kandidatin Gemengewalen 2023 | |
Numm | Simone Pissinger |
Alter | 63 |
Familljestand | Gescheet |
Kanner | 2 |
Tätegkeet | Éducatrice graduée, pensionnéiert |
Perséinlechen Engagement | Chargée de cours associée Université du Luxembourg |
Hobby | Acrylmolerei, Bitzen |
Themenschwéierpunkt | Gläichberechtegung Mann-Fra, sozial Probleemer, Mobilitéit, Klimawandel. |
Wisou kandidéieren ech fir déi nächst Gemengewalen?
Ech ginn dest Joer mat an d’Gemengewalen well ech scho laang an der Gemeng sinn an elo e bëssen matbestëmme wëll, amplaz iwer aneren hir Entscheedungen net frou ze sinn. Ech empfannen dofir eng gewësse Verpflichtung, mech fir meng Gemeng anzesetzen.
A firwat bei „déi gréng“?
Well sie déi Themen prioritär uginn, déi mir och wichteg sinn.
Well sie „fraesensibel“ sinn.
Well ech ëmmer gréng „getickt“ hunn an elo Farw bekenne wëll !