background background

Mamer

Adèle Schaaf-Haas

Kandidatin Gemengewalen 2023
NummAdèle Schaaf-Haas
Alter58
FamilljestandBestued
Kanner3
TätegkeetFonctionnaire-architecte
Perséinlechen EngagementEmwelt an Energiekommissioun, Klimateam
HobbyReesen, Kultur a Frënn treffen
ThemenschwéierpunktWunnengsbau, Klima an Ëmweltschutz, Energietransitioun

Wisou kandidéiren ech fir déi nächst Gemegewalen?

Ech si säit 6 Joer fir déi gréng am Gemengerot zu Mamer, als Architektin interesséiert mech virun allem de Wunnengsbau an d’Gestaltung vum ëffentleche Raum. An eiser Gemeng ginn d'Prioritéite falsch gesat: mir wuesse méi séier wéi den nationalen Duerschnëtt, de Flächeverbrauch ass ze héich an ze oft op Käschte vun der Natur a Biodiversitéit. Wichteg Décisiounen am Kader vum Pacte Logement misste geholl gi (Wat fir eng Wunnenge brauche mir, Erschléisse vu Baulücke asw.) . Awer och am Beräich Klima an Ëmweltschutz komme mir net séier genuch weider: et feelt un enger Strategie beim Ëmsetzen vun de Moossnamen am Klima- a Naturpakt. D’Energietransitioun ass eng vun de wichtegsten Aufgaben, deene mir net gerecht gi: mir fuerderen säit Joeren Wandrieder fir endlech komplett op regenerativ Energiequellen ëmzesteigen. Mir hunn d'Méiglechkeeten, esou wuel finanziell wéi och räimlech, mir notzen se just net. All des Objektiver solle vun de Mamer Leit mat gedroe gi, Biergerbedeelegung ass eng absolut Prioritéit fir déi gréng. Hei heescht et endlech Politik fir a MAT de Leit ze maachen.

A firwat bei "déi gréng"?

Ech engagéiere mech béi déi gréng well et déi Partei ass déi sech am konsequensten fir d'Klima an den Ëmweltschutz asetzt an och an de Beräicher vun der Energietransistioun, doucer Mobilitéit hunn si déi innovatiivst Iddien. Ech sinn  iwwerzeecht datt fir dëst Alles ëmzesetzen d‘Leit musse mat agebonne gi, déi gréng maachen sech och staark  fir méi Biergerbedeelegung a sozial Gerechtegkeet.