background background

Mamer

Pierre Dax-Brosius

Kandidat Gemengewalen 2023
NummDax-Brosius Pier
Alter56
FamilljestandBestued
Kanner3
TätegkeetBankbeamten
Perséinlechen EngagementScoutissem an Entwécklungshëllef (ONGD-FNEL) 
HobbyScouten, Natur, Kachen an Genéissen
ThemenschwéierpunktFinanzen, Nohaltegkeet, gesonden Menschenverstand

Wisou kandidéieren ech fir déi nächst Gemengewalen?

Ech sinn iwwerzeecht dass et wichteg ass, aktiv an der Gestioun vum Gemengengeschéien sech e engagéieren an och Responsabilitéiten ze iwwerhuelen. Ech wëll dofir schaffen, dass d'Besoin'en an d'Interessen vun de Leit an eiser Gemeng gehéiert an berécksiichtegt ginn. Als Bierger vun eiser Gemeng halen ech et fir meng Pflicht, mech fir eng positiv Entwécklung ze engagéieren an aktiv un der Demokratieprozess deelzehuelen. Wann ech mech als Kandidat presentéiere, wëll ech bäidroen datt d'politësch Aarbecht an eiser Gemeng méi transparent, méi no un de Bierger an effektiv gëtt.

A firwat bei déi gréng?

Ech hunn mech fir d'Partei "Déi Gréng" entscheet, well ech d'Wäerter a Ziler dëser Partei politesch deelen. Déi Gréng setzen sech fir eng Weltanschaung an, déi d'Ekologie an de Schutz vun der Ëmwelt an den Mëttelpunkt vun hiren Ufassungen stellt, wärend se  sech op eng gerecht a méi égalitär Gesellschaft ausriicht.

Ech sinn iwwerzeegt, dass de Schutz vun der Ëmwelt eng grouss Prioritéit fir eis Gesellschaft  an fir eise Planéit ass, an datt daat bei all politesche Decisiounen berécksiichtegt muss ginn. Wann ech an der Partei "Déi Gréng"  sinn, kann ech bäidroen dës Opfassung ze fördern an Politik an Ëmwelt an desem Senn ze gestalten. Dobäi setzt sech d'Partei "Déi Gréng" och fir eng gerecht a méi égalitär Gesellschaft an, an vertrëtt ënner anerem d'Rechter vun de Minoritéiten an d'Bestriewen fir d'Reduktioun vun soziale Inégalitéiten.