background background

Mamer

Moritz Schaaf

Kandidat Gemengewalen 2023
NummMoritz Schaaf
Alter26
FamilljestandLedig
Kanner/
TätegkeetProject Manager
HobbyFussball, Politik, Kino
ThemenschwéierpunktSoziale Wandel, Mobilitéit, Energie

Wisou kandidéieren ech fir déi nächst Gemengewalen?

Ech gi mat an d’Gemengewalen dëst Joer, well ech d’Entwécklung vun eiser Gemeng gäer matbestëmmen wëll. Am Moment ginn di falsch Prioritéiten an der Gemeng gesat an ze kuerzsiichteg Décisiounen getraff. Doduerch ass d’Gemeng net gerüst fir déi zukünfteg Erausfuerderungen. Des Weideren notze mir eist Potenzial net, fir eng Virreidergemeng a ville Beräicher ze ginn (Klimaschutz, Energie, sozial Kohesioun, …) an dat obwuel mir all d’Méiglechkeeten hunn.

A firwat bei „déi gréng“?

Deen eenzegen logeschen Choix war et dofir bei déi gréng ze goen, well si d’Léisungen fir déi grouss zukünfteg Probleemer an hirer Partei-DNA hunn an hir Visioun vun enger méi liewenswäerter an nohalteger Gemeng menger eegener ganz no läit. En plus hunn si gutt a konstruktiv Oppositiounsarbescht bedriwwen an de leschte Joeren, woumat se mech och iwwerzeegt hunn.