background background

Mamer

Budget 2021

Gemeinsam Conclusioun vun der Fraktioun déi gréng zum Mamer Budget initial 2021.

Anescht wéi an enger villgeliesener Dageszeitung duergestallt, sinn déi gréng der Meenung, dass eis Gemeng hiren Aufgaben net gerecht gëtt am Beräich soziale Wunnengsbau an hei all Verantwortung op déi staatlech Träger ofwaltzt.

déi gréng fannen ëmmer nach, dass d’Gemeng hiren Aufgaben net no kënnt op dem Gebitt vum sozialen a bezuelbare Wunnengsbau. Mir froen eis, wat eng räich Gemeng wéi Mamer dovunner ofhält, fir hei méi ze maachen ewéi just de strikte Minimum.

An de Beräicher Energie, Klimaschutz a Mobilitéit ginn et awer eng ganz Rei positiv Usätz a Resolutiounen. Mä och dat geet net duer! Hei muss méi gemaach ginn an et muss méi schnell viru goen.

Ouni eng breet Zesummenaarbecht vun allen Acteuren an ouni eng resolut a konsequent Ëmsetzung, kréie mir all déi Moossnamen a Resolutioune fir de Klima- an Ëmweltschutz, déi mir am Gemengerot gestëmmt hunn, net realiséiert. Mir fannen, dass de Service vum Ëmweltberoder, deen an eisen Aen eng ganz gutt Aarbecht mécht, misst verstäerkt ginn.

Mir hätte sécher villes anescht gemaach, virun allem beim Klimaschutz an am Wunnengsbau.

Well awer an dësem Budget historesch vill Mesure fir d’Mobilité douce an de multimodalen Transport esou wéi flott Gemeinschaftsprojete virgesi sinn, hu mir eis entschloss, net géint de Budget ze stëmmen mee eis ze enthalen.

Adèle Schaaf-Haas                      Claudine Vervier-Wirth                          JemP Weydert


Budgetsried_2021_partie1

Budgetsried_2021_partie2