background background

Mamer

Budget 2020

GEMEINSAM STELLUNGNAM VUN DÉI GRÉNG MAMER ZUM BUDGET RECTIFIÉ 2019 AN ZUM BUDGET INITIAL 2020

  • LOGEMENTS ABORDABLES
  • EGALITÉ DES CHANCES ET INCLUSION
  • CHANGEMENT CLIMATIQUE ET
  • PROTECTION DE L’ENVIRONNEMENT
  • ENERGIES RENOUVELABLES
  • CONCEPT DE MOBILITÉ
  • PROJETS DE GRANDES ENVERGURES

déi gréng Mamer hunn de Budget fir 2020 net matgestëmmt, well mir fannen, dass d’Gemeng hiren Aufgaben net no kënnt op dem Gebitt vum sozialen a bezuelbare Wunnengsbau. Mir froen eis, wat eng räich Gemeng wéi Mamer dovunner ofhält, fir hei méi ze maachen ewéi just de strikte Minimum.

An de Beräicher Energie, Klimaschutz a Mobilitéit muss méi gemaach ginn an et muss méi schnell viru goen. Ouni eng breet Zesummenaarbecht vun allen Acteuren an ouni eng resolut a konsequent Ëmsetzung, kréie mir all déi Moossnamen a Resolutioune, déi mir am Gemengerot gestëmmt hunn, net realiséiert. Elo muss endlech um Terrain eppes geschéien, well dat si mir der kommender Generatioun schëlleg!!!